Page d'accueil // Université // Actualités // À la une // Lëtzebuergesch Mammesproochler gesicht

Lëtzebuergesch Mammesproochler gesicht

twitter linkedin facebook google+ email this page
Publié le jeudi 12 mars 2015

D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch a Literaturen vun der Uni Lëtzebuerg sicht fräiwëlleg lëtzebuergesch Mammesproochler, déi bereet wieren, un engem Sproochexperiment deelzehuelen an domat e Projet am Kader vun enger Dokteraarbecht ze ënnerstëtzen.

Erwënschte Profil: Lëtzebuergesch ass Är eenzeg Mammesprooch, dir hutt net am Ausland gelieft (Studium, Austauschprogrammer…), dir sidd am Kanton Lëtzebuerg opgewuess a lieft nach ëmmer do an hutt 20 bis 30 Joer oder iwwer 60 Joer.

D’Kandidaten mussen nëmme Lëtzebuergesch schwätzen a liese kënnen, well d’Aussprooch vum Lëtzebuergeschen fir de Projet vun Interesse ass. Ënnert de Participanten gëtt e Bicher-Bong verloust.

Wann Dir e kommunikative Mënsch sidd an interesséiert sidd fir matzemaachen, kënnt Dir Iech direkt beim Judith Manzoni (tel.: 661 25 07 87) vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch a Literaturen mellen.